Praxis Mandy Poncin

Praxis Mandy Poncin

Partager

Cabinet fir klassisch Kinésitherapie, Réeducatioun an Präventioun, souwei alternativ Medizin.

23/09/2026

🇬🇧 Prenatal Yoga — Heiderscheid 🌿

I’m happy to be opening a small prenatal yoga group in Heiderscheid from October 2026. The idea is to create a gentle, supportive space where you can move comfortably, breathe, slow down and take a little time to connect with your baby.

The sessions will be calm and adapted to pregnancy, with a focus on mobility, relaxation and feeling good in your body.

Thursdays · 10h45–11h45
📍 Heiderscheid, North of Luxembourg
€15 per session
The group will start with a minimum of 5 participants.

The class language will be chosen according to the group: English, French or Luxembourgish.

If you’d like to join or simply register your interest, you can sign up here:
https://forms.gle/pQSiDBZJrMqSPC9d9

🤍

🇫🇷 Yoga prénatal — Heiderscheid 🌿

Je suis heureuse de proposer un petit groupe de yoga prénatal à Heiderscheid à partir d’octobre 2026. L’idée est de créer un espace doux et bienveillant pour bouger confortablement, respirer, ralentir et prendre un moment pour vous connecter à votre bébé.

Les séances seront calmes et adaptées à la grossesse, avec un travail autour de la mobilité, de la détente et du bien-être.

Jeudis · 10h45–11h45
📍 Heiderscheid, nord du Luxembourg
15 € par séance
Le groupe débutera à partir de 5 participantes.

La langue du cours sera choisie en fonction du groupe : français, anglais ou luxembourgeois.

Si vous souhaitez participer ou simplement manifester votre intérêt, vous pouvez vous inscrire ici :
https://forms.gle/pQSiDBZJrMqSPC9d9

🤍

🇱🇺 Prenatal Yoga — Heiderscheid 🌿

Ech freeë mech, ab Oktober 2026 e klenge Prenatal-Yoga-Grupp zu Heiderscheid unzebidden. D’Iddi ass, e rouegen a gemittleche Raum ze schafen, wou s du dech sanft beweege kanns, bewosst oots, zur Rou kënns an dir Zäit hëls, fir d’Verbindung mat dengem Puppelchen ze spieren.

D’Sessioune si roueg an un d’Schwangerschaft ugepasst, mat Fokus op Beweeglechkeet, Entspanung a Wuelbefannen.

Donneschdes · 10h45–11h45
📍 Heiderscheid, am Norde vu Lëtzebuerg
15 € pro Sessioun
De Grupp start mat mindestens 5 Participanten.

D’Sprooch vum Cours gëtt jee no Grupp gewielt: Lëtzebuergesch, Franséisch oder Englesch.

Wann s du gär dobäi wiers oder däin Interessi wëlls uginn, kanns du dech hei umellen:
https://forms.gle/pQSiDBZJrMqSPC9d9

23/09/2026

Bei Interesse Schreibe eine Nachricht mit deinem Namen an +352 621636919 zur Anmeldung und sei dabei beim Infocall am Sonntag 📌

18/09/2026

🍂 De Summer seet lues a lues Äddi… mee mir bleiwe beweeglech! 😉

D’Deeg gi méi kuerz, d’Temperaturen faalen an déi éischt kaal an niwweleg Hierschtdeeg stinn nees virun der Dier. 🍁 An domat mellen sech bei deem engen oder aneren och nees de Réck, d'Genéck oder d’Gelenker.

An eiser Praxis këmmere mir eis mat vill Freed drëm,
🧘‍♀️ Är Beweeglechkeet ze erhalen oder ze verbesseren,
💪 Muskelen a Gelenker nees a Schwong ze bréngen an Iech esou gutt wéi méiglech duerch déi méi kaal Joreszäit ze begleeden.

🍂 Kinépraxis zu Bauschelt ❤️

P.S.: De Spagat ass natierlech keng Viraussetzung fir e Rendez-vous bei eis. 😂

Photos from Praxis Mandy Poncin's post 16/09/2026

Thai-Lern-Event März 2027 🌴🌴🌴

11/09/2026

🎀 Zesumme wanderen fir den gudden Zweck 🎀

Och haut war ech erëm mat mengen Patientinnen ënnerwee op enger klenger Wanderung durch eis schéin Natur 🌱🌱🌱 🥾

De Grond dofir ass all Joer dee selwechten: Mir wëllen zesummen e klengt Zeechen setzen an eisen Bäitrag fir Europa Donna an d’Broschtkriibsfuerschung leeschten.

Ech sinn all Joer dankbar fir déi léif Mënschen, déi matginn. E puer dovunner si scho säit Joren als Patientinnen an eiser Praxis a gehéieren iergendwéi scho bal zur Praxis-Famill. 😉🥰

An genau esou freeën ech mech fir all déi, déi eis Praxis am Moment net brauchen, well sie bei beschter Gesondheet sinn an trotzdem haut dabäi waren! 🙏

An all deenen, déi momentan nach mat gesondheetlechen Erausfuerderunge kämpfen, wënschen ech vun Häerzen dat Bescht an virun allem vill Gesondheet fir d’Zukunft. 🌸

Zesummen goen, schwätzen, laachen, gemittlech eppes iessen an dobäi nach e bëssen Suen fir e gudden Zweck sammelen. 🥰

Merci un all déi, déi haut dobäi waren an eis gehollef hunn, d’Brustkriibsfuerschung z’ënnerstëtzen. Zesumme kënne mir eppes bewegen. 💗

07/09/2026

⚡ Mitochondrien: unsere kleinen Kraftwerke 💪🏼💪🏼

Fühlst du dich häufig erschöpft, energielos oder hast das Gefühl, dass dein Körper einfach „nicht richtig in Schwung kommt“?

Unsere Mitochondrien produzieren die Energie, die jede einzelne Zelle benötigt. Damit diese kleinen Kraftwerke optimal arbeiten können, brauchen sie jedoch die richtigen Voraussetzungen. 🧬⚡

🌿 Entgiftung & Zellstoffwechsel
Eine gute Versorgung und die Unterstützung körpereigener Entgiftungswege können dazu beitragen, Stoffwechselbelastungen zu reduzieren und die Zellfunktion zu unterstützen.

🔋 Polyprenole
Polyprenole sind natürliche Lipide, die unter anderem an Zellmembran- und Stoffwechselprozessen beteiligt sind und damit interessante Bausteine für die Unterstützung der mitochondrialen Funktion darstellen.

🛡️ Antioxidativer Schutz
Antioxidative Nährstoffe helfen dabei, oxidativen Stress zu reduzieren. Denn ein dauerhaftes Ungleichgewicht zwischen freien Radikalen und antioxidativem Schutz kann die Zellstrukturen und damit auch die Mitochondrien belasten.

🔥 Weniger stille Belastung – mehr Zellbalance
Chronische Entzündungsprozesse und oxidativer Stress können den Energiestoffwechsel beeinträchtigen. Deshalb betrachten wir nicht nur das Symptom „Energiemangel“, sondern die Zelle als Ganzes.

✨ Die Vilavi-Produkte können dabei ein Baustein innerhalb eines ganzheitlichen Konzeptes sein – gemeinsam mit einer nährstoffreichen Ernährung, Bewegung, ausreichend Regeneration, Schlaf und einem guten Stressmanagement.

Der Link zum fertiggepackten Vilavi-Warenkorb:
🧺🧺🧺
https://store.vilavi.com/r/L2FwcC9iYXNrZXQ/ref-723418_basketData-W3sibmFtZSI6ImV4dHJhIiwiaWQiOjQ3MzI2LCJxdWFudGl0eSI6MX0seyJuYW1lIjoic3RvbmUiLCJpZCI6MTk5MzYsInF1YW50aXR5IjoxfSx7Im5hbWUiOiJmZWVsIiwiaWQiOjc1MjY2LCJxdWFudGl0eSI6MX0seyJuYW1lIjoibW9iaW8iLCJpZCI6NTMwNjYsInF1YW50aXR5IjoxfSx7Im5hbWUiOiJibGVuZCIsImlkIjo1MzAzNiwicXVhbnRpdHkiOjF9XQ

Denn: Energie beginnt in der Zelle. 💚

05/09/2026

🌿 NATIERLECH CHOLESTERIN-REGULATIOUN ❤️

Eise Cholesterinspigel gëtt vu ville Facteure beaflosst. Eng pflanzenbetount, ballaststoffräich Ernärung, gesond Fetter, reegelméisseg Beweegung an e gudde Stressmanagement kënnen eis Häerz- a Gefässgesondheet natierlech ënnerstëtzen. 🌱

Och ausgewielte Mikronährstoffer wéi Vitamin D3 + K2, Omega-3, Q10 a Chitosan kënnen eng sënnvoll Ergänzung sinn.

✨ Kleng Schrëtt – grouss Wierkung!

🛍️ Kuckt gären am NEXTVITAL-Shop laanscht
https://nextvital.de/

a profitéiert vum Rabattcode P0NC1N
(mat Null an Eent)

---

🌿 NATÜRLICHE CHOLESTERINREGULATION ❤️

Unser Cholesterinspiegel wird von vielen Faktoren beeinflusst. Eine pflanzenbetonte, ballaststoffreiche Ernährung, gesunde Fette, regelmäßige Bewegung und ein gutes Stressmanagement können die Herz- und Gefäßgesundheit auf natürliche Weise unterstützen. 🌱

Ausgewählte Mikronährstoffe wie Vitamin D3 + K2, Omega-3, Q10 und Chitosan können dabei sinnvoll ergänzen.

✨ Kleine Schritte – große Wirkung!

🛍️ Schau gerne im NEXTVITAL-Shop vorbei
https://nextvital.de/

und nutze den Rabattcode P0NC1N
(mit Null und Eins)

27/08/2026
23/08/2026

🇹🇭 Thailand – zesummen reesen, erliewen a genéissen 🌴☀️

Du wollts schon ëmmer emol Thailand entdecken, hues awer bis elo net déi passend Begleedung fonnt? Oder ass esou eng wäit Rees eleng fir dech e bëssen ze vill onsécher?

Am Mäerz 2027 gëtt et eng ganz besonnesch Geleeënheet: Am Kader vu mengem Thai-Nuad-Cours fir Therapeute wäert ech mat enger Grupp am Thai Life Resort zu Khao Lak sinn an du kanns dech als Vakanzen-Gaascht eiser Reesgrupp uschléissen. ❤️

Während Therapeuten an der Fortbildung sin, kënnen eis Vakanzen-Gäscht Thailand ganz entspaant genéissen. Gemeinsam Ausflich maachen, lokal Mäert besichen, d’Land an d’Kultur entdecken oder einfach schéin Deeg um Strand verbréngen.

🌺 Wat dech erwaart:

- entspaanten Deeg am wonnerschéinen Thai Life Resort
- Ausflich an Aktivitéiten
- thailännesch Mäert a lokal Kultur
- professionell Thai-Massagen am Resort
- Moiesritual mat Bewegung, Stretching, Achtsamkeit an geféierter Méditatioun
- Strand, Sonn a Mier
- gesond Iessen
- Zäit fir ofzeschalten an nei Energie ze tanken
- eng flott Grupp, sou datt s du net eleng reese muss

Besonnesch wanns du bis elo wéinst der Sprooch, der grousser Distanz oder der Angscht, an engem frieme Land eleng eens ze ginn, gezéckt hues, kéint dës Rees eng wonnerbar Méiglechkeet fir dech sinn. Du rees net eleng, mee hues schonn eng Grupp a bekannte Kontaktpersounen op der Plaz.

An natierlech muss du net un all Aktivitéit deelhuelen, du kanns Thailand och ganz an dengem eegenen Tempo genéissen. 🌴

Vläicht ass elo de richtege Moment, fir dir däin Thailand-Draam ze erfëllen. 🇹🇭✨

Wanns du Interessi hues oder méi Informatiounen iwwer d’Rees, d'Fliig vun Lëtzebuerg, den genauen Datum, de Resort, déi geplangten Aktivitéiten an d’Méiglechkeeten op der Plaz wëlls, mell dech einfach perséinlech bei mir. Mail un [email protected]

Ech géif mech freeën, wa mir am Mäerz zesummen e Stéck Thailand entdecke kënnen! ❤️

19/08/2026

Eng Patientenverfügung, net nëmme fir am Alter!

Eng Patientenverfügung ass eppes, wou ee sech net eréischt am Alter Gedanken doriwwer maache soll. Egal ob jonk oder aal, et ka fir jidderee wichteg sinn, sech mat dësem Thema a mat den eegene Wënsch fir den Eechtfall ze beschäftegen.

D’Fondation du Cancer weist, wéi wichteg et ass, sech fréi mat dësem Thema auserneenzesetzen.

De Filipe geet hei mat engem besonnesch staarke Beispill vir an erzielt, firwat et och fir hien a jonke Jore scho wichteg war, eng Patientenverfügung auszefëllen.

E wichtege Message: Patientenverfügung heescht och, seng eege Wënsch festzehaalen an deene Leit, déi engem no stinn, am Eechtfall eng schwéier Entscheedung ofzehuelen.
🌻🍀🌻🍀

Vous voulez que votre entreprise soit Salon De Beauté la plus cotée à Boulaide ?
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Téléphone

Adresse


20, Rue Du Lac
Boulaide
9639

Heures d'ouverture

Lundi 09:00 - 20:00
Mardi 07:30 - 18:00
Mercredi 09:00 - 20:00
Jeudi 07:30 - 18:00
Vendredi 09:00 - 18:00