Institut de Beauté Conny Delvaux

Institut de Beauté Conny Delvaux

Partager

Hautanalyse mit Gesichts- und Körperbehandlung der Linie Care Personal Beauty.

Photos from Institut de Beauté Conny Delvaux's post 07/07/2026

Gënnt Iech eng kleng Auszäit a loosst de Stress vum Alldag hannert Iech. 💆‍♀️🦶

Foussreflexzonenmassage mam Sarah N. 🥰

Mat gezielten Drockpunkten op de Féiss gëtt d’Entspanung gefördert an d’Wuelbefanne vum Kierper ënnerstëtzt. Eng ideal Behandlung, fir sech eng Paus vum Alldag ze gënnen an nei Energie ze tanken.

🌿 Entspanung & Wuelbefannen
🌿 Stress reduzéieren
🌿 Kierper a Geescht erëm an d’Balance bréngen
🌿 Zäit nëmme fir Iech

📅 Rendez-vous’en sinn iwwer den Salonkee buchbar : https://salonkee.lu/salon/conny-delvaux?lang=fr

oder

Dir 📞 rufft eis un fir Ären Termin beim Sarah N. ze reservéieren : +352 26729317

“Well Wuelbefannen bei de Féiss ufänkt.” ✨

23/06/2026

Léif Clienten,

Wéinst der extremer Hëtztwell, déi eis an den nächste Deeg erwaart, hunn ech d’Entscheedung getraff, mäin Institut vu Mëttwoch bis Freideg nëmme vun 7:00 bis 15:00 Auer opzemaachen.

D’Wuel vu menge Mataarbechter an och Äert Wuelbefannen leien mir ganz um Häerz. Dofir schéngt mir dat déi bescht a vernënftegst Entscheedung ze sinn. Ech hoffen op Äert Verständnis an Är Ënnerstëtzung.

D’Cliente vu Mëttwoch si schonn informéiert ginn. D’Cliente mat Rendez-vousen en Donneschdeg a Freideg no 15:00 Auer gi muer am Laf vum Moien kontaktéiert.

Zesumme fanne mir eng Léisung, sou datt jidderee säi Rendez-vous kann anhale, ouni onnéideg der grousser Hëtzt ausgesat ze sinn.

Villmools Merci fir Äert Verständnis 🙏💐

09/06/2026

Duerch d’Ënnerstëtzung vun eise Partneren an konnte mir eis Tombola nach weider opstocken an nach méi flott Präisser fir Iech zesummestellen.

Am Ganze ginn et 22 wonnerbar Präisser an 17 Trouschtpräisser ze gewannen!

🥇 1. Präis:
Eng Hautanalyse mat enger Hightech-Gesiichtsbehandlung, plus 3 Produiten am Gesamtwäert vun 356 €.

🥈 2. Präis:
Eng Skeyndor-Gesiichtsbehandlung mat engem Produit am Wäert vun 300 €.

🥉 3. Präis:
Eng Hot-Stone-Massage mat 2 Produiten an engem flotte Buedmantel am Gesamtwäert vun 226 €.

…an nach vill weider attraktiv Präisser!

D’Gewënner ginn an den nächste Deeg per E-Mail oder Telefon kontaktéiert.

D’Präisser kënnen ab nächster Woch an eisem Institut ofgeholl ginn.

Mir wënschen allen Participanten vill Gléck a soen Iech Merci fir Är Ënnerstëtzung! 🍀

Villmools Merci fir Äert Vertrauen an Är Treiheet, mir freeën eis, déi glécklech Gewënner geschwënn kennen ze kontaktéieren.“ 😊

Photos from Institut de Beauté Conny Delvaux's post 08/06/2026

Haut haten mir eng interessant Formatioun vun eiser Mark SKEYNDOR 💕

Ab elo bidden mir iech déi innovativ Behandlungen MEGAN an DERMALED vun Skeyndor un

MEGAN - eng modern High-Tech-Behandlung fir d‘Haut ze revitaliséieren, ze stäerken an hir natierlech Stralung ze ennersträichen.

DERMALED - eng innovativ LED-Therapie, déi d‘Regeneratioun vun der Haut ënnerstëtzt a fir e gesond an ausgeglachent Hautbild suergt.

All Haut ass eenzegaarteg, dofir beroden mir iech gär perséinlech, fir déi passend Behandlung fir är Besoinen ze fannen.

Maacht elo ären RDV an entdeckt déi nei Méiglechkeeten vun professioneller Hautfleeg

Mir freeën eis ob äre Besuch 💐

04/06/2026

Mir sichen ob dësem Wee eng Verstärkung fir eis Team 💆🏻‍♀️ 💅🏼
Weider Informatiounen , Bewerbung an CV ob den [email protected]

21/05/2026

Net vergiessen 🤗 weider fleisseg liken an deelen ( Öffentlech deelen ) an schonn sitt dir beim Gewënnspill dobai 💕
Et lount sech 💕🥳

Photos from Institut de Beauté Conny Delvaux's post 15/05/2026

💕20 Joer Institut Conny Delvaux 💕

Wat fir eng flott an emotional Rees!

Mat vill Freed a grousser Dankbarkeet feieren ech dëst Joer mäin 20-jähregt Firmenjubiläum 🥳

Wann ech op déi vergaange Joren zeréckkucken, sinn ech immens houfreg op alles, wat mir zesummen opgebaut hunn.
An dëser Zäit hunn ech vill schéin Begéinungen erlieft, vill Erausfuerderunge gemeeschtert an virun allem vill Vertrauen geschenkt kritt. E puer vu menge Clienten begleeden mech schonn zanter dem éischten Dag – säit 20 Joer! Dat ass fir mech e risegt Zeeche vu Loyalitéit a Vertrauen, fir dat ech vun Häerze Merci soen 🙏💕

Gläichzäiteg ass et ëmmer erëm eng Freed, nei Clienten bei eis begréissen ze dierfen. All neien Dag bréngt nei Gesiichter, nei Geschichten an nei Motivatioun 🥰

E ganz grousse Merci geet och un mäi Team. Ouni ären Asaz, äert Engagement an är Leidenschaft wier dat alles net méiglech gewiescht. Dir sidd en immens wichtegen Deel vun dëser Geschicht 💐💕

Merci un all déi, déi mech an deene leschten 20 Joer begleet, ënnerstëtzt a vertraut hunn. Ech freeë mech op alles, wat nach kënnt, an hoffen nach vill schéin Momenter mat iech ze deelen 😍

Vun Häerzen: Merci! ❤️

14/05/2026

💕Mir si frou iech en neie Member an eisem Team ze präsentéieren :

Vum Dënschdeg, den 19. Mee un, ënnerstëtzt d'Sarah eist Team mat 33 Stonnen an der Woch.
D’Sarah ass 41 Joër al an ass mat ganzem Häerz Kosmetikerin – fir hatt ass et net just e Beruff, mee eng richteg Passioun.
Mat vill Beruffserfarung suergt hat fir entspaanten Auszäiten aus dem Alldag, wou dir iech ronderëm wuel a gutt opgehuewe kënnt spieren .

Éierlech Berodung, Häerzegkeet an en Aa fir Detailer stinn bei him un éischter Plaz.

Besonnesch gären verwinnt hat iech mat wueldoende Kierpermassagen an och Foussreflexzonenmassagen 💆‍♀️

D'Sarah freet sech drop, iech kennenzeléieren an iech eng besonnesch Wuelfühlzäit ze schenke ✨

🔹Bucht elo schonn ären Rdv iwwer Salonkee : https://salonkee.lu/salon/conny-delvaux
oder rufft eis am Institut un um ☎ +352 26729317

Eis Team freet sech ob Iech 💕

Vous voulez que votre entreprise soit Salon De Beauté la plus cotée à Grevenmacher ?
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Téléphone

Adresse


8, Route De Thionville
Grevenmacher
6791

Heures d'ouverture

Mardi 08:00 - 19:00
Mercredi 08:00 - 19:00
Jeudi 08:00 - 19:00
Vendredi 08:00 - 19:00
Samedi 08:00 - 14:00